LU:
Den 3.-6. September 2025 ass den FECAVA Congress zu Antwerpen, BE (Sproochen: DE, FR, EN)!
An dësem Kader wëlle mir eng Grupperees op Antwerpen organiséieren, mat enger Bedeelegung vun der LAK un den Hotelskäschten.
Falls dir Loscht hudd, zu Antwerpen eng flott a léierräich Zäit zesummen ze verbréngen, kënnt dir iech elo schon um Congress umellen! De favorabelen “Early Bird” Tarif fir FECAVA Memberen gëllt nach bis den 31. Mee 2025. Als LAK Member sidd dir automatesch och Member vun der FECAVA.
https://www.fecava.org/eurocongress-2025/registration/
Sidd dir drun interesséiert, iwwert d’LAK en Zëmmer an engem flotten Hotel ze reservéieren? Dann scheckt eis är Confirmation vun der Inscriptioun um Congress zesummen mat dem ausgefëllten Formulaire bis den 30. Abrëll un laksecretariat [at] gmail [dot] com (laksecretariat[at]gmail[dot]com) !
Den Acompte vun 150€ kënnt dir iwwer den Online-Shop vun der LAK, bis den 30. Abrëll bezuelen.
Definitiv ugemellt sidd dir, wa mir de komplett ausgefëllte Formulaire, sou wéi den Acompte kritt hunn.
DE:
Vom 3. bis 6. September 2025 findet der FECAVA-Kongress in Antwerpen, BE (Konferenzsprachen: FR, EN, DE) statt!
In diesem Zusammenhang möchten wir eine Gruppenreise nach Antwerpen organisieren, wobei sich LAK an den Hotelkosten beteiligt.
Wenn Sie gemeinsam eine unterhaltsame und lehrreiche Zeit in Antwerpen verbringen möchten, melden Sie sich jetzt für den Kongress an! Der vorteilhafte „Frühbucher“-Tarif für FECAVA-Mitglieder gilt bis zum 31. Mai 2025. Als LAK-Mitglied sind Sie automatisch FECAVA-Mitglied.
https://www.fecava.org/eurocongress-2025/registration/
Möchten Sie über LAK ein Zimmer in einem schönen Hotel buchen? Senden Sie uns daher vor dem 30. April Ihre Anmeldebestätigung für den Kongress zusammen mit dem ausgefüllten Formular an laksecretariat [at] gmail [dot] com (laksecretariat[at]gmail[dot]com) !
Die Anzahlung in Höhe von 150 € kann bis zum über den LAK-Onlineshop geleistet werden. Ihre Anmeldung ist endgültig, sobald wir das ordnungsgemäß ausgefüllte Formular und die Anzahlung erhalten haben.