Recherche d'emploi

Ech kontaktéieren Ierch well ech am Moment op der Sich no enger Arbeschtsplatz als Klengdéirevétérinaire zu Lëtzebuerg sinn. Ech hun mam Schwéierpunkt Kleintiermedizin op der Veterinärmedizinischen Universität Wien Déiremedizin studéiert a schaffen am Moment an enger Klengdéirepraxis an der Géigend vun Wiesbaden. Dofierdrun war ech Assistenztierärztin an der Tierklinik Hofheim.

No der langer Zäit am Ausland zitt et mech elo awer nees zeréck op Lëtzebuerg, esou dass ech am Moment op der Sich no enger Arbeschtsplatz mat eventuell der Méiglechkeet fir eng spéider Iwwernahm vun der Praxis sinn. 

Ech si Lëtzebuergerin, schwätzen demno Däitsch, Franséisch, Englesch an natierlëch Lëtzebuergesch. Ech leeden d‘Sprechstunden bei eis alleng an hun och Erfahrung bei allen gängen Ënnersichungen an Operatiounen bei de Klengdéiren. Och den Noutdéngscht iwwerhuelen ech bei eis regelméißeg. Meng Kompétenzen an der Behandlung vun Villercher an Heimtieren sinn ech amgangen auszebauen.

 

Meng Approbatioun froen ech am Moment zu Lëtzebuerg un.

 

Ech geng mech iwwert all Input bei der Sich no enger Arbeschtsplatz fréen, leider ass d‘Angebot op deene gängegen Jobplattformen zimlech iwwerschaubar, héieren awer vu Riets a lénks, dass eng Demande do ass.

 

Ech hun Ierch och mäi Liewenslaf attachéiert, eventuell ass dat jo relevant. Bei weider Froen stinn ech Ierch gäer zur Verfügung.

 

Ech frée mech iwwert eng Réckmeldung, villmols merci am Fieraus.

 

Mat bäschte Gréiß

 

Lisa Bigelbach

Localité (Région ou ville)
Anywhere in Luxemboug
Début le
Description de l’emploi ou Résumé/CV